6-Days Lull Gillen 2010
du dimanche 4 juillet au samedi 10 juillet

Historique

Carte de visite Lull Gillen

Président d'Honneur du V.C. " Le Guidon BERTRANGE "

né le 7 octobre 1928 à Luxembourg
Marié et père de 2 fils
Pendant 15 ans Président du L.G. BERTRANGE
Président d'honneur du Panathlon Club Luxembourg
Coureur cycliste de 1942 à 1966 ( «pro» à partir de 1947 )

1945
2ième au Championnat du monde de vitesse amateurs (Parc des Princes, Paris)
1947
3 médailles d'argent aux Championnat du monde universitaires (Paris)
1949
2ième au Championnat du monde de poursuite «pro» : ( 5 km ) (1er : Fausto COPPI)
1950-1955
Championnats du monde de poursuite «pro» (5 km) 2x3e et 2x4e
1953
victoire d'étape au Tour de Luxembourg
1954
vainqueur du Tour de l'Oise
Nombreuses victoires de critériums
1955
RECORD DU MONDE (5 km) sur piste à Milan
11 victoires de courses dites «6 jours»
20 places de 2e / 24 places de 3e / 123 courses de «6 jours» courues

Wien ass de Lull Gillen ?

Weltrekordmann iwwer 5 km

Ee vun de grousse Velodromspezialiste vun der Nokrichszäit wor de Lull Gillen.
Nët manner wéi 123 6-Days an Europa an Iwwerséi ass hie gefuer.
Dobäi ass de Lull Gillen vun der Strooss komm.
1941 ass de Lull séng éischt Vëloscourse gefuer, an ier hie Profi ginn ass, hat hien un 82 Coursen deelgeholl an der net manner wéi 80 gewonn.
Am Ëmfeld, wou hien opgewuess ass, louch et eigentlech op der Hand,dass hie sech fir de Vëlosport entscheet huet. Säi Papp Maurice wor schon e gudde Coureur an hat 1924 un der Olympiad zu Paräis deelgeholl. Wéi hie sech aus dem aktive Sport zréckgezunn hat, huet hie sech ëm d'Jugend bekëmmert, esou dass de Maurice Gillen säi ganzt Liewe fir de Radsport gelieft huet. Iwweregens ass de Lull mat 6 Joer déi éischt Trottinettscourse gefuer, déi deemools ganz populär war.

Am Oktober 1947 ass de Lull Profi ginn, dat aus enger Trotzreaktioun eraus. Déi Responsabel hunn him eng gezielt Préparatioun fir d'Olympiad vu London refuséiert. Dobäi hätt hien all Chance gehat, fir eng éischt Goldmedail fir Lëtzebuerg ze gewannen, an zwar iwwer 1 km Zäitfueren op der Piste. De spéideren Olympiagewënner Jacques Dupont ass dem Lull e puermol iwwer de Wee gelaf,mä en hat ower ni d'Chance ze gewannen. Dës spontan Entscheedung fir Profi ze ginn, huet de Lull awer net brauchen ze bedaueren.

Wéi hie Profi ginn ass, ass hie gläich op d'Piste gang.
Firwat eigentlech ?
Ma ganz einfach, de Lull hat d'Bierger net ganz gären, an hie wor sech bewosst , nimools e Giro oder en Tour de France kënnen ze gewannen. Gewëss, duerch seng Vitesse hätt hie kënnen déi eng oder aner Etappe gewannen. Mä well d'Coursen op der Piste Enn der 40er Joren nach vill méi populär ware wéi haut, oft waren iwwer 40.000 Leit present, huet hien déi Disziplin virgezunn. Iwweregens ass deen negativen Trend bei 6-Days-Coursen eng Erschénung vun de leschte Joren. Et muss een nach soen, dass 6-Days, wéi se haut gefuer ginn, absolut näischt méi mat der Grondiddi vu fréier ze un hun. Dag an Nuecht huet deemools ee vun dénen zwee Coureuren op der Piste misse si, a mueres gouf d'Course fir e puer Stonnen neutraliséiert. Haut fueren d'Coureuren nëmmen nach e puer Stonnen den Dag, meeschtens vum spéiden Nomëtteg bis eng Auer zwou an der Nuecht.

De Lull hat déi grouss Chance, nach op der Piste um Belair bis 1950 ze trainéieren. Säin éischt 6-Days ass hien 1948 zesumme mam Lëtzebuerger Mett Clemens zu New York gefuer. D'Organisateure wollten deemools eng Lëtzebuerger Équipe um Départ hunn. Dem Lull säi Manager, säi Papp, huet sech Kappzerbrieches gemaach fir de richtegen Équipier ze fannen, fir mat sengem Bouf an déi grouss Welt ze goen. Beim Iwwerfueren um Schëff an déi "Nei Welt" huet de Lull seng 20 Joer gefeiert. Ouni grouss Erfahrung si se déi zweet ginn, an hu vill Weltklasseteams hannert sech gelooss. Zu NewYork ass eng nei staark Équipe gebuer ginn, an esou hunn d'Organisateure séier d'A op déi zwee Lëtzebuerger geriicht, an et wor net verwonnerlech, dass si kuerz drop fir d'Bréisseler 6-Days engagéiert goufen. Hei hunn déi zwee nees eng Kéier duerch hire Manktem un Erfahrung d'Waffe misse strecken. Zwou Stonne viru Schluss luche Clemens-Gillen nach 5 Ronne virun de spéidere Vainqueure Van Steenbergen-Kint. E puer Deeg méi spéit si se zu Paräis eng 100 km Américaine gefuer. Hei ass de Mett esou schwéier gefall, dass hien no sengem Klinik-Openthalt de Vëlo un de Nol gehaang huet.

De Lull huet an denen nächste Joren ëmmer aner Partner kritt, bis hien 1953 op den Italiener Terruzzi gestouss ass a mat him iwwer 3 Joer vu Victoire zu Victoire gefuer ass. D'Organisateuren hunn déi zwee, fir den Intressi vun de Coursen ze erhalen, einfach getrennt. Duerno huet de Lull, mat e puer Ausnamen, ëmmer jonk, onerfuere Partner kritt. Hie sollt se an d'Technik vun de 6-Days aféieren, wat sech selbstverständlech net gënschteg op säin eegene Palmarès ausgewierkt huet. Ee vu senge Partner war och de Fausto Coppi.

Op der Piste waren einfach aner Gesetzer. Esou sot eemol de Stan Ockers zum Lull:
"Léiwer fueren ech zweemol den Tour de France, wéi eemol en 6-Days". De Lull huet de Fausto Coppi allerdéngs e puermol a senger Carrière erëmbegéint. Déi schlëmmst Renconter war 1949, wou de Fausto Coppi de Lull an der Finale vun der Weltmeeschterschaft an der Poursuite op de leschte Meter knapp geschlo huet. Eng vu senger gréisste Leeschtungen huet de Lull 1956 am Velodrom zu Mailand bruecht. Aus enger Laun eraus huet hie sech un de Weltrekord iwwer 5 km gewot. Hie war op Mailand komm fir eng Poursuite géint den Aldo Moser ze fueren. De Lull war an dësem Moment an Topform, a wéi hien de Moser an de Vestiaire begéint huet, sot dësen: "Maach mer e Gefalen, iwwerronn mech w.e.g. net". No 3 Ronne Course hat de Lull de Moser schon am Viséier, a wéi hie sengem Géigner et versprach hat, huet hien dësen och net iwwerholl.

No der Course wor de Lull nach esou frech, dass hien d'Organisateur gefrot huet, fir e neie Weltrekord iwwer 5 km ze versichen. Begeeschtert vun dëser Iddi hunn d'Italiener all Méigleches gemaach, an den Lull ass de neie Weltrekord an 6 Minutten 19 Sekonne gefuer.

Niewent senge groussen Erfolleger op der Piste, huet de Lull och gutt Resultater op der Strooss bruecht. Hien huet zum Beispill 1955 den Tour de l'Oise gewonnen, 1953 huet hien déi Dikkrecher Etappe am Tour de Luxembourg gewonnen. Zweemol ass hie vun der spezialiséierter Press mam Terruzzi als "Sechs-Deeg-Fuerer vum Joer" gewielt ginn. Mä och manner schéi Momenter huet hien an dëser Zäit erlieft: zu Aarhus an Dänemark war hien esou schwéier gefall, dass hien eng Zäitche gelähmt wor. Wéi hien an der Klinik erëm puer Zéiwe konnt bewegen, huet hie gemengt, hie wär nei gebuer.

Am Mee 1966 huet de Lull zu Québec der Piste Äddi gesot no 25 Joer Vëloskompétitioun. De Lull ass dann nach 3 Méint am Kanada bliwwen an huet déi kanadesch Espoiren trainéiert, datselwecht huet en zu Princeton an den U.S.A. mat der Universitéitséquipe gemaach.

Duerno ass hien erëm op Lëtzebuerg komm an huet eng Carrière als Banquier ugefaang, wou hien et bis zum Bankdirekter bruecht huet. Haut genéisst de Lull seng Pensioun an ass sportleche Beroder vum Guidon.















designed & hosted by
Luxembourg Online