LULL GILLEN

Carte de visite Lull Gillen


Président d’Honneur du V.C. ” Le Guidon BERTRANGE “


né le 7 octobre 1928 à Luxembourg, décédé le 11 août 2010
Marié et père de 2 fils
Pendant 15 ans Président du L.G. BERTRANGE
Président d’honneur du Panathlon Club Luxembourg
Coureur cycliste de 1942 à 1966 ( «pro» à partir de 1947 )


1945

2ième au Championnat du monde de vitesse amateurs (Parc des Princes, Paris)


1947

3 médailles d’argent aux Championnat du monde universitaires (Paris)


1949

2ième au Championnat du monde de poursuite «pro» : ( 5 km ) (1er : Fausto COPPI)


1950-1955

Championnats du monde de poursuite «pro» (5 km) 2x3e et 2x4e


1953

victoire d’étape au Tour de Luxembourg


1954

vainqueur du Tour de l’Oise
Nombreuses victoires de critériums


1955

RECORD DU MONDE (5 km) sur piste à Milan
11 victoires de courses dites «6 jours»
20 places de 2e / 24 places de 3e / 123 courses de «6 jours» courues

Wien ass de Lull Gillen ?

Weltrekordler iwwer 5 km

Ee vun de grousse Velodromspezialiste vun der Nokrichszäit wor de Lull Gillen.

Net manner wéi 123 6-Days an Europa an Iwwerséi ass hie gefuer.
Dobäi ass de Lull Gillen vun der Strooss komm.
1941 ass de Lull seng éischt Vëloscourse gefuer, an ier hie Profi ginn ass,
hat hien un 82 Coursen deelgeholl an der net manner wéi 80 gewonn.

Am Ëmfeld, wou hien opgewuess ass, louch et eigentlech op der Hand, dass hien sech fir de
Vëlosport entscheet huet.
Säi Papp Maurice wor schonn e gudde Coureur an hat 1924 un der Olympiad zu Paräis
deelgeholl. Wéi hien sech aus dem aktive Sport zréckgezunn hat, huet hien sech ëm d’Jugend
bekëmmert, esou dass de Maurice Gillen säi ganzt Liewe fir de Radsport gelieft huet.
Iwweregens ass de Lull mat 6 Joer déi éischt Trottinettscourse gefuer, déi deemools ganz
populär war.

Am Oktober 1947 ass de Lull Profi ginn, dat aus enger Trotzreaktioun eraus.
Déi Responsabel hunn him eng gezielt Präparatioun fir d’Olympiad vu London refuséiert.
Dobäi hätt hien all Chance gehat, fir eng éischt Goldmedail fir Lëtzebuerg ze gewannen, an
zwar iwwer 1 km Zäitfueren op der Piste. De spéideren Olympiagewënner Jacques Dupont
ass dem Lull e puermol iwwer de Wee gelaf,mä en hat awer ni d’Chance ze gewannen.
Dës spontan Entscheedung fir Profi ze ginn, huet de Lull awer net brauchen ze bedaueren.

Wéi hie Profi ginn ass, ass hie gläich op d’Piste gaang.
Firwat eigentlech ?
Ma ganz einfach, de Lull hat d’Bierger net ganz gären, an hie wor sech bewosst , nimools e
Giro oder en Tour de France kënnen ze gewannen. Gewëss, duerch seng Vitesse hätt hie
kënnen déi eng oder aner Etappe gewannen. Mä well d’Coursen op der Piste Enn der 40er
Joren nach vill méi populär ware wéi haut, oft waren iwwer 40.000 Leit present, huet hien déi
Disziplin virgezunn. Iwweregens ass deen negativen Trend bei 6-Days-Coursen eng
Erscheinung vun de leschte Joren. Et muss een nach soen, dass 6-Days, wéi se haut gefuer
ginn, absolut näischt méi mat der Grondiddi vu fréier ze un hunn.
Dag an Nuecht huet deemools ee vun deenen zwee Coureuren op der Piste missen si, a mueres
gouf d’Course fir e puer Stonnen neutraliséiert. Haut fueren d’Coureuren nëmmen nach e puer
Stonnen den Dag, meeschtens vum spéiden Nomëtteg bis eng Auer zwou an der Nuecht.

De Lull hat déi grouss Chance, nach op der Piste um Belair bis 1950 ze trainéieren. Säin
éischt 6-Days ass hien 1948 zesumme mam Lëtzebuerger Mett Clemens zu New York gefuer.
D’Organisateure wollten deemools eng Lëtzebuerger Équipe um Départ hunn. Dem Lull säi
Manager, säi Papp, huet sech Kappzerbrieches gemaach fir de richtegen Équipier ze fannen,
fir mat sengem Bouf an déi grouss Welt ze goen. Beim Iwwerfueren um Schëff an déi „Nei
Welt“ huet de Lull seng 20 Joer gefeiert. Ouni grouss Erfarung si se déi zweet ginn, an hu
vill Weltklasseteams hannert sech gelooss. Zu NewYork ass eng nei staark Equipe gebuer
ginn, an esou hunn d’Organisateure séier d’A op déi zwee Lëtzebuerger geriicht, an et wor net
verwonnerlech, dass si kuerz drop fir d’Bréisseler 6-Days engagéiert goufen. Hei hunn déi
zwee nees eng Kéier duerch hire Manktem un Erfarung d’Waffe misse strecken. Zwou
Stonne viru Schluss luche Clemens-Gillen nach 5 Ronne virun de spéidere Vainqueure Van
Steenbergen-Kint. E puer Deeg méi spéit si se zu Paräis eng 100 km Américaine gefuer. Hei
ass de Mett esou schwéier gefall, dass hien no sengem Klinik-Openthalt de Vëlo un de Nol
gehaang huet.

De Lull huet an deenen nächste Joren ëmmer aner Partner kritt, bis hien 1953 op den Italieener
Terruzzi gestouss ass a mat him iwwer 3 Joer vu Victoire zu Victoire gefuer ass.
D’Organisateuren hunn déi zwee, fir den Intressi vun de Coursen ze erhalen, einfach getrennt.
Duerno huet de Lull, mat e puer Ausnamen, ëmmer jonk, onerfuere Partner kritt. Hie sollt se
an d’Technik vun de 6-Days aféieren, wat sech selbstverständlech net gënschteg op säin
eegene Palmarès ausgewierkt huet. Ee vu senge Partner war och de Fausto Coppi.

Op der Piste waren einfach aner Gesetzer. Esou sot eemol de Stan Ockers zum Lull:
„Léiwer fueren ech zweemol den Tour de France, wéi eemol en 6-Days“. De Lull huet de
Fausto Coppi allerdéngs e puermol a senger Carrière erëmbegéint. Déi schlëmmst Renconter
war 1949, wou de Fausto Coppi de Lull an der Finale vun der Weltmeeschterschaft an der
Poursuite op de leschte Meter knapp geschlo huet.
Eng vu senger gréisste Leeschtungen huet de Lull 1956 am Velodrom zu Mailand bruecht.
Aus enger Laun eraus huet hien sech un de Weltrekord iwwer 5 km gewot.
Hie war op Mailand komm fir eng Poursuite géint den Aldo Moser ze fueren. De Lull war an
dësem Moment an Toppform, a wéi hien de Moser an de Vestiaire begéint huet, sot dësen:
„Maach mer e Gefalen, iwwerronn mech w.e.g. net“.
No 3 Ronne Course hat de Lull de Moser schonn am Viséier, a wéi hie sengem Géigner et
versprach hat, huet hien dësen och net iwwerholl.

No der Course wor de Lull nach esou frech, dass hien d’Organisateur gefrot huet, fir en neie
Weltrekord iwwer 5 km ze versichen. Begeeschtert vun dëser Iddi hunn d’Italiener all
Méigleches gemaach, an de Lull ass de neie Weltrekord an 6 Minutten 19 Sekonne
gefuer.

Niewent senge groussen Erfolleger op der Piste, huet de Lull och gutt Resultater op der
Strooss bruecht. Hien huet zum Beispill 1955 den Tour de l’Oise gewonnen, 1953 huet hien
déi Dikrecher Etappe am Tour de Luxembourg gewonnen. Zweemol ass hie vun der
spezialiséierter Press mam Terruzzi als „Sechs-Deeg-Fuerer vum Joer“ gewielt ginn.
Mä och manner schéi Momenter huet hien an dëser Zäit erlieft: zu Aarhus an Dänemark war
hien esou schwéier gefall, dass hien eng Zäitche geläämt wor. Wéi hien an der Klinik erëm
puer Zéiwe konnt beweegen, huet hie gemengt, hie wär nei gebuer.

Am Mee 1966 huet de Lull zu Québec der Piste Äddi gesot no 25 Joer Vëloskompétitioun.
De Lull ass dann nach 3 Méint am Kanada bliwwen an huet déi kanadesch Espoiren trainéiert,
datselwecht huet en zu Princeton an den U.S.A. mat der Universitéitséquipe gemaach.

Duerno ass hien erëm op Lëtzebuerg komm an huet eng Carrière als Banquier ugefaang, wou
hien et bis zum Bankdirekter bruecht huet.
Hien ass den 11. August 2010 zu Lëtzebuerg gestuerwen.

NOS SPONSORS - MERCI !